• LSH Chrëschtfeier

  • Di, 03.12.2019 ab 18:00 Uhr
  • Heidelberger Weihnachtsmarkt
    Altstadt (Bismarckplatz
    69117 Heidelberg
LSH Chrëschtfeier - Heidelberger Weihnachtsmarkt - Heidelberg

D'Chrëschtzäit ass nees do, an och déi eicht Chrëschtmäert ginn och deemnächst op. Wei all Joer invitéieren mir rëm fir zesummen iwwert de Chrëschtmaart ze schlenderen, an dono an d'Palmbräugasse eppes guddes Iessen ze goen. Dofir géife mir eis um 18 Auer um Chrëschtmaart treffen (genauen Treffpunkt kennt spontan no) a gemittlech fir 19 Auer an de Restaurant zéien. Vue dass fir Chrëschtdag Geschenker net feelen däerfen, wollten mir nom Succès vu leschtem Joer, och dëst Joer rëm ee Schrottwichtelen ënnerteneen organiséieren. Jidder Mënsch däerf eppes matbréngen (max 5€!) wou en denkt, dass een aneren sech driwwer freeë kéint. Am Laf vum Owend ginn déi Saachen duerch een Loussystem ausgetosch. Nom Restaurant kënnen déi Leit, déi Loscht hunn, och nach weiderzéien an eppes drénken goen. Deadline fir sech unzemellen wier Samschdes, den 30. November um 18 Auer (per Email, Instagram oder Facebook), vu que dass mir mussen de Restaurant reservéieren.Ären LSHPS: Chrëschtzäit=Tournoi de Noel, dat heescht denkt drun iech unzemellen! :)